Iwwert de Festival

Den polneschen Festival vun der Kultur hei zu Lëtzebuerg ass dëst Joer ganz spezial well en un en duebelen Gebuertsdag gekoppelt ass. Mir feieren 2018 net nëmmen 100 Joer Onofhängegkeet vu Polen mä och den zéngten Gebuertsdag vum Festival.
2008 hu mir mat vollem Elan ugefaangen. Wärend der éischter Editioun hu mer mat der Warsaw Village Band gedanzt, polneschen Jazz, zäitgenössig, aal an nei Club Musek gelauschtert, Animatiounsfilmer an Fotografien vun jonken polneschen Kënschtler gekuckt. 2010 war d’Chopin Joer wou mer déi vill Facetten vun dem Chopin senger Musek genoss hunn – klassesch, jazz an Folk Neiinterpretatiounen  an hu Filmer an Videoen déi dësem Kënschtler gewidmet waren gekuckt. 2013 war et dunn en Treffen vun der polnescher a lëtzebuergescher Kultur a mir hunn gemeinsam oder geigenseitig inspiréiert Wierker bewonnert vun Kënschtler aus béiden Länner. Um Festival vun 2015 sinn net nëmmen Concerten an Ausstellungen organiséiert ginn mä hei koumen och déi op hir Käschten déi sech kreativ betätegt hunn mat BD Atelier,Fotografie an Blues.
Jidder Ausgab vun deenenn 4 Editiounen war verschidden an eenzegaarteg, awer all Kéier haten se dat nämmlecht Ziel: vun dem heegen Niveau vun der polnescher Kultur ze profitéieren an déi intressantsten verschidden Aspekter deenen villen Intresséierten vun allen Ecken vun der Welt ze weisen. Eng Eegenschaft vun all Festival war Dominatioun vun der Musek, eng universell Sprooch déi net iwwersat muss ginn an déi vill Sproochen déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn. Genau esou wäert et och dëst Joer sinn. Mir hoffen Iech zu vill op der 5. Editioun vum polneschen Kulturfestival zu Lëtzebuerg kennen ze begréissen!