E Wuert vun dem Direkter vum Festival

Dir Dammen an Hären

Déi 5. Editioun vum polneschen Kulturfestival zu Lëtzebuerg ass d’Resultat vun der  Zesummenaarbecht mat eisen laangjäregen Partner : der Ambassade vun der Republik Polen zu Lëtzebuerg, dem Kulturzentrum „Abtei Neimünster”, der Gemeng Bourscheid, dem „Ancien Cinema” zu Veianen an villen aneren. Den desjäregen  Festival ass den Héichpunkt vun 10 Joer Aktivitéiten vun eisem Veräin „polska.lu”, deen dann och gläichzäiteg zanter 10 Joer besteet. Mam Programm vum Festival wëlle mir déi wichtegst Eegenschaften vun eis Polen weisen; eisen ausseruerdentlechen Sënn fir Humor (MozART Group), eis originell Siicht op d’Welt (Band Raz Dwa Trzy), eis Léift zur Fräiheet an eisen déifverwuerzelten Patriotismus (Filmzyklus  Weeër zur Onofhängegkeet), eisen Glawen, eis  Begeeschterung an Bereetschaft (Ausstellung „Johannes Paul II: Mensch und Kultur) sowei eis Léift an Respekt géigeniwwer vun den Awunner an den Länner wou mir liewen (Fotosausstellung „D’Schéinheet vu Lëtzebuerg a Biller„  aus dem Workshop Fotografie vum Festival). Op des Aart a Weis wëllen mir eisen Deel zur Gemeinschaft bäidroen an deenen villen Länner wou mir liewen. Mir hunn eis drëm beméit datt den Programm vun dësem Joer der aussergewéinlecher Occasioun – dem honnertsten Joresdag vun der polneschen Onofhängegkeet – dee mir dëst Joer feieren och gerecht gëtt.
E groussen Merci geet un d’Ambassade vun der Republik Polen a Lëtzebuerg a ganz besonnesch un seng Exzellenz den Ambassadeur Piotr Wojtczak a senger Fra Iwona Wojtczak fir hir Hëllef bei der Organisatioun vum Festival. Merci well ech awer och dem „Ancien Cinema" aus Veianen a speziell dem Hanna a Maciej Karczewski soen fir hir Mataarbecht a bemierkenswäerten Bäitrag zum Programm vum Festival. Dem Ausseministère  an dem Kulturministère vu Lëtzebuerg, Merci fir déi finanziell Ënnerstëtzung. Och e groussen Merci un all eis Sponsoren a Partner vum Festival; an zu gudder Letzt allen Memberen vun „polska.lu” an deenen villen aneren Leit ouni dären Hëllef esou e Festival net stattfannen kennt.
 
Marcin Wierzbicki

President vun „polska.lu” asbl
Direkter vum Festival vun der polnescher Kultur zu Lëtzebuerg