Lëtzebuerg an engem gudde Licht fir d’Participanten vum Fotosatelier vum polneschen Kulturfestival an den Memberen vum CIEL Club
Schlass vu Buurschent
Vernissage: Sonndeg, 23. September, 15:00 Auer
D’Fotosausstellung déi mir Iech presentéieren wëllen ass d’Resultat vun enger intensiver Aarbecht vun den Participanten an den Ateliere an Ourdooratelieren ënnert der Leedung vum Irek Graff an den Joren 2015 an 2016. E puer vun den Auteuren waren Ufänger (deemools!), wärend anerer en héijen professionellen Niveau mat engem intressanten an räichen Portfolio virweisen kennen. Op den Fotoen fannt Dir Lëtzebuerg komplett onbekannt oder gutt bekannt mä ob eng ongewinnten Manéier presentéiert. D'Besonneschkeet vun den Atelieren, organiséiert vum Irek Graff, dominéiert d'Landschaften an d'Detailer vun der Natur oder der Architektur an de Wierker vun de Participanten.
Well et eng vun de Prioritéite vum Festival vun der polnescher Kultur ass, eng kulturell Bréck tëscht Polen a Lëtzebuerg ze kreéieren, waren mir invitéiert fir un der der Schafung vun dëser Ausstellung zu Lëtzebuerg, presentéiert vum Fotoclub vun den europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg (CIEL) matzewierken.
D’Thema „Lëtzebuerg ënnert sengen schéinsten Aspekter“ kann een verbannen mat engem Kalenner oder engem Publicitéitsspot vun enger Tourismusagence. Duerfir war ech net en Ënnerstëtzer vun dësem Titel. Mir hunn net mat esou engem Objektiv an Astellung fotograféiert. D‘Ufänger hunn probéiert d‘ Fotoen ze zeemen an nëmmen korrekt Biller ze maachen. Ech hunn si Sensibilitéit an Asiicht geléiert. Ech hunn oft gesot, datt een eng gutt an echt Foto direkt niewendrun, um Späicher, hannert dem Zong, virun der Dier kann mann. Dir musst net wäit op exotesch Plazen goen.
Schéinheet ënnerscheet sech duerch verschidden Gesiichter an Definitiounen. Jidder Ära, all Kultur, all Stroum vu Konscht oder Philosophie gesäit et anescht. An alen Zäiten hunn d'Philosophen sech gefrot ob d'Schéinheet en reellen Charakterzuch vun Objeten ass oder nëmmen eis Impressioun vun der Evaluatioun. An der Antiquitéit, haaptsächlech wéinst dem Plato, war et den Objektivismus deen dominéiert - Schéinheet verbënnt sech mat der Mathematik, Harmonie an de Verhältnisser vun individuellen Deeler. Opgrond vum Modernismus sinn Subjektivismus a Skepsis virherrschend.
Mir ënnerscheeden tëscht sensorischer an mentaler Schéinheet, natierlech Schéinheet (d’Natur zum Beispill) an d’Schéinheet déi vun Mënschen erschaaft gëtt. Jiddereen huet seng Usicht vun der Schéinheet vun Objeten : anescht fir en Buergermeeschter deen nei Investissementer realiséiert, anescht fir en Graffitikënschtler, Gäertner, Museker, Dichter, Architekt oder Fotograf… Bah, wat fir en Fotograf ? :) En englescht Spréchwuert seet: „Schéinheet leit am Aen vum Betruechter“. Mä ass et nëmmen am Aen vum Zuschauer? Et ass sécher, datt Schéinheet an den Aen vun engem Kand ass an am Häerz vun der Mamm déi hiert Kand mat Léift kuckt.An hu mir et fäerdeg bruecht d’Schéinheet vu Lëtzebuerg op Fotoen festzehalen an ze weisen, obwuel eis Aktivitéiten am Freien an och meng Begéinung mat dësem Land esou kuerz waren ? Ech weess et net…Iwerzeegt Iech selwer wann Dir wëllt. Ech lueden Iech an des Ausstellung ze besichen :)
Curateur d'Ausstellung: Ireneusz Graff
D'Ausstellung ass ze gesinn bis 4. November
Enner Matwierkung vun :