Exposition photographique de Raymond Clement (LU)
Thème: Family of Polish Jazz
D’Fotoe vum Zyklus „Family of Polish Jazz“ gehéieren zu engem gréissere Projet vum Raymond Clement nämlech zur „Family of Jazz“, den déi wichtegst Evenementer vum europäesche Jazz aus deene leschte 40 Joer dokumentéiert.
Dem Duke Ellington säi Concert vun 1970 zu Wolz (Lëtzebuerg) huet dem Raymond Clement den Ustouss ginn fir seng Aventure als Jazz-Fotograf ze starten. Seng éischt Ausstellung vun 150 Joer Jazz Fotografie war an der Gemeng bei der Place Stanislas zu Nanzeg am Kader vum Festival „Nancy Jazz Pulsations“. Vun do un ass d’Kollektioun „Family of Jazz“ ëmmer méi gewuess a bestännech duerch nei Wierker beräichert ginn. D’Ausstellung war schonn a ville bekanntene Fotosgalerien zu Paräis, Bréissel, New York a Berlin. Haut ass een Deel dovunner am „Centre Culturel de Rencontre“ an der Abtei Neimünster zu Lëtzebuerg ausgestallt.
D’Serie „Family of Polish Jazz“ ass ausschliisslech de Museker vum polnesche Jazz virbehal. Zanter de 70er Joren huet de Raymond Clement Concerte vun deene grousse Jazz-Festivaller dokumentéiert. Sou zum Beispill den Jazz-Jamboree vu Warschau mä awer och aner manner bekannten Evenementer queesch duerch ganz Polen. Hien huet déi bedeitendst polnesch Jazz-Museker fotograféiert: Thomasz Stanko, Zbigniew Namyslowski, Jan Ptaszyn Wroblewski, Zibignief Seifert, Michal Urbaniak. Dës Fotoe sinn hei fir d’alleréischte Kéier zesummen ze gesinn a weisen eng eenzegaarteg Kollektioun vu polnesche Jazz-Museker.
Raymond Clement:
„Gesinn ass héiren...“ sou huet de Larry Nylund a grousse Buschtawen an der „Reno Evenying Gazette“ d’Ausstellung vun „The Family of Jazz“ an der Universitéit vun Nevada beschriwwen – eng eenzegaarteg Sammlung vu Fotoen aus der Welt vu Jazz vum Raymond Clement.
Dat éischt grousst Evenement dat hie fotograféiert huet war den „Duke Ellington Orchester“ 1970 zu Wolz (Lëtzebuerg). Zanterhier ass d’Kollektioun duerch d’ganz Welt gewise ginn. Zanter 1980 huet de Raymond Clement duerch seng Naturfotografien an seng Landschaftsfotoe mat sengem professionelle Fotoapparat an den Formater 4’x5’, 8’x10’ a mat senge Panorama Fotoapparaten déi Ausso „gesinn ass héiren...“ ëmgewandelt a „gesinn ass empfannen...“ (während dëser Period ass hien och vun der Schwaarzwäissfotografie ob déi faarweg a schlussendlech ob déi digital Fotografie eriwwer gewiesselt). Säin internationale Succès ass begrënnt a senger Verbonnenheet mat der Natur, wou et him gelenkt net nëmmen ze gesi mä och ze héiren an ze empfannen. Mat äusserster Sensibilitéit geléngt et him déi eenzegaarteg Vibratiounen aus der Natur, hier Zeechen an hier Geräischer siichtbar an héierbar fir de Public a Biller ëmzesetzen.
Offiziell Ouvertüre vum Festival
Ufanksconcert
jazz
Michał Tokaj – Piano (PL), Sebastian Frankiewicz – Batterie (PL), Marc Demuth – Kontrabass (LU) et Susana Raya – Gittar an Gesang (ES)
Et ass net liicht sech eng Jazzband virzestellen déi aus enger spuenescher Gittaristin an Sängerin an engem polneschen Pianist besteet, begleed vun enger Rhythmusgrupp déi aus engem lëtzebuergeschen Kontrabassist an engem polneschen Batteur besteet. D’Susana Raya an den Michal Tokaj hunn sech zu Zory kennegeléiert während der Kompetitioun fir Jazzgesang Voicingers wou d’Susana een vun den Finalistinnen war am Joer 2010. Fir d’Editioun 2012 war den Kontrabassist Marc Demuth invitéiert fir d’Finalisten ze begleeden, zesummen mam Michal Tokaj um Piano an mam Sebastian Frankiewicz op der Batterie, an d’Susana Raya war als Dozentin vum Workshop deen zäitgläich zum Voicingers Festival stattfënnt agelueden. Eng aussergewéinlech staark musikalesch Complicitéit tëscht dem Susana an dem Michal huet zu dësem gemeinsamen Projet gefouert deen seng Première hat am Kader vum Voicingers Festival am Joër 2012.
Den Choix vun der Rhythmusgrupp mam Sebastian an mam Marc, déi sech schonn säit villen Joeren kennen an zesummen spillen an déi an hiren Länner zu den meeschtgefroten Jazzmuseker gehéieren, war schnell getraff. Um Programm stinn eegen Kompositiounen wéi och verschidden Reprisen vun bekannten Jazzstandarden, nei arrangéiert vum Grupp selwer. Déi eenzegaarteg Rhythmesch Elementer an Energie vun enger mediterraner Musekerin fannen hiert Gläichgewiicht mat den Klangfaarwen an minimalisteschen Atmosphären vun engem Osteuropäeschen Poet um Piano.
Ofschloss vun der Fotos-Ausstellung vum Raymond Clement
Family of Polish Jazz
DJ Meetin’ – DJ Papa Zura (PL), DJ Burn Reynolds (PL) et DJ Brave (LU)
DJ BRAVE
Den DJ Brave ass DJ, Musiker an Dänzer. 1990 huet hien seng musikalesch Karrière ugefangen, andeems dass hien op verschiddene Fester an Europa (Spuenien, Däitschland, Lëztebuerg) um Mëschpult aktiv war.
Hie war Member a verschiddene Gruppe wéi zum Beispill „Mike M.C. and the Lyrical Force“ als Batteur an Dänzer, bei „chaos am re“ als Percussionnist, Guitarist a Sänger, bei „Catharsis“ als Sänger, Percussionnist a Musiker um Didgeridoo, a bei „Ethnolution“ als Sänger a Batteur. Seit 2007 ass hie Membre vun „The Real Time Spiners“.
Den DJ Brave ass och Enseignant a verschiddenen Institutiounen zu Lëtzbebuerg (Pop Music Academy, A.P.E.M.H. an d’Croix-Rouge) wou hien Ateliers mat dem Didgeridoo mecht a Basics Guitarscouren a Percussioun get (percussion latine, Djembe an Udu). Hie schafft vill mat jonkem Publikum.
BURN REYNOLDS [PL]
Hien ass e Veteran an de polnesche Cluben a bekannt fir seng Radiosémissiounen. Hien arrangéiert Musik fir den Theater, hien ass Member beim DJKollektiv „Soul Service“, mat deenen hien d’Sammlung „Polish Funk“ publizéiert huet, wou et onëmgänglech war polnesch Dänz aus de 60 a 70 Jore ze verschaffen. Den DJ Burn Reynolds proposéiert en elektresche Mix vu Soul, Funk, Dico bis Rock an Jazz an psychédélique.
PAPA ZURA [PL]
Hien ass DJ a Member beim Kollektiv „Soul Service“. Hien ass ee vun de Ko-autoren vun der Sammlung „Polish Funk“ (déi an Zesummenaarbecht mat dem polnesche Label „Polskie Nagrania“ erausbruecht ginn ass) an déi ënnertaneren den Album „Why Not Samba“ an „Off Season“ enthalen. Dës Sammlug présentéiert den Nolauschterer an der Haaptsach pure Funk, Soul, Afro a Blues- Rhythmen.
SOUL SERVICE [PL]
Funk, Soul an Jazz sinn d’Fundamenter vun deene meeschte modernen Musikstécker an Dänz, mee si sinn net ganz populär bei den DJs an et ass zimlech seelen dass een se an engem Club héiert. An dëser Hinsicht ënnerscheed Polen sech net vum Rescht vun der Welt – vill DJs halen sech unn déi momentan Tendenzen an ze wéineg un déi „richteg Musik“ an de Clubs. Et ass also eng grouss Chance, dass 4 vun deene musikalesch begabtetse polneschen DJs sech zesummegesat hu fir e Kollektiv ze grënnen, wou et drëm geet gutt Kläng an de polnesche Clubs ze verbreeden. Zënter bal 10 Jor hunn si dozou bäigedro vill Soireeën ze animéieren an et ass fir si ganz natiirlech hir Talenter an Energien ënnert dem Sammelbegrëff „Soul Service“ ze verbannen.
Op der Sich no de beschte Stécker vu Funk huet „Soul Service“ nei Weeër ageschlon an deems si aal Opnahme vu polnesche Sudioën ausgegruewen hunn. Jorelang hunn si an den Occasiounsplaquebuttiker, op Floumäert an an aale Schief gessicht, fir aal Opnahmen ze fannen, déi vum polnesche Funk inspiréiert waren. „Soul Service“ wollt dem Rescht vun der Welt hir Entdeckungen an d’Kraaft vun hir Lidder matdeelen. D’Sammlung Polish Funk ass d’Resultat vun dëser Entdeckungsrees an si gouf an Zesummenaarbecht mat Polskie Nagrania gemach, den eelste polnesche Label, deen nach um Maart ass.
Atelier mat traditionelle polnesche Lidder organiséiert vun der INECC a Coopératioun mat polska.lu
Instruktiounen: Magdalena Sobczak et Sylwia Świątkowska du Warsaw Village Band
Warsaw Village Band
(folk)
"Traditionell polnesch Lidder mat staarke Stëmmen, begleed vum Tremolo vun de Geien, dat ass et, wat de Répertoire vun der „Warsaw Village Band“ ausmécht. Déi meescht vun hiren Instrumenter sinn akustesch – Percussioun, Dulcimers, Geieen, Bratschen – awer hir Sensibilitéit bleift modern. An hirer Musek erkennt een de Style Danz/Club, wéi och Momenter vun Trance. Bei hiren Opname benotzen si Technike fir den „drone central“ ze erhiewen a bauen ongewinnt Percussiounskläng an hir Lidder ann. Zousätzlech komme Kläng vu Reggae an ähnlech Stiler, wéi de Scratching vum DiscJockey, wouriwwer d’Puristen sech net erfreeën."
The New York Times
D’“Warsaw Village Band“ ass déi bekanntest polnesch Folk Grupp op der Welt. An deene 15 Joer vun hirem Bestoe waren si schonn op alle Kontinenter. Fir d’éischte Kéier waren si 2007 zu Lëtzebuerg an der Kulturfabrik. 2008 haten si en Optrëtt um Parvis vun der Abtei Neimünster als Ofschloss vum 1. polnesche Kulturfestival. Dëst Joer empfänke mir si am Tramsschapp, samschdes den 13. Abrëll am Kader vum 3. polnesche Kulturfestival.
Warsaw Village Band: Zagrajcie muzykanty
Warsaw Village Band: Baba w piekle
Warsaw Village Band: Zurawie
Warsaw Village Band: Rybicka
Déi polnesch Lidder gehéieren zu enger Joerdausend aler Traditioun. Si ginn net nëmme vu Bauere gesongen, mee hunn och grouss Komponisten inspiréiert, wéi de Chopin, Szymanowski oder Lutoslawski. Dës Gesäng ginn ëmmer méi vun eenzegaartege polnesche Folk-Instrumenter begleed, wéi den Dulcine an d'Souka. Gesonge gi si mat enger ganz spezieller Technik: der „spiewokrzyk“ (Weiss Stëmm). D’Participante vun dësem Workshop hunn déi eenzegaarteg Geleeënheet, d’Technik vum „spiewokrzyk“ ze léieren. Studien hunn erginn, dass dës Technik och d’Qualitéit vun anere Gesangsrichtunge ka verbesseren. „Spiewokrzyk“ ass eng vun deene beschte Manéieren, zur gläicher Zäit den Otem ze kontrolléieren an eng perfekt Maîtrise vun de Stëmmbänner ze hunn. Dëse Workshop gëtt geleet vun deenen 2 Haaptleit vun der „Warsaw Village Band“ – der Magdalena Sobczak an Sylwia Swiatkowska. Si instruéieren net nëmmen d’Technik vum Sangen, mee begleeden och op traditionelle polneschen Instrumenter. De Workshop schléisst sonndes, de 14. Abrëll mat engem Concert of, wou d’Participante mat der „Warsaw Village Band“ zesummen op der Bühn stinn. Verpasst dës eenzegaarteg Geleeënheet net, fir ze lauschteren a mat eis zesummen op polnesch ze sangen! De Workshop gëtt op polnesch an englesch gehalen. Fir déi Leit, déi weder polnesch nach englesch kënnen, gëtt eng simultan Iwwersetzung op franséisch ugebueden.
INECC Lëtzebuerg
Institut Européen de Chant Choral
D'INECC garantéiert d’Virbereedung an d’Entfalung vun der Musek an dem Gesank zu Lëtzebuerg, andeems si an Zesummenaarbecht mat dem Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg schafft. Desweideren stinn si och a Verbindung mat de Federatiounen vun de Chorallen, dem Enseignement am allgemengen a ganz speziell mat deene Strukturen, déi sech fir d’Musek asetzen.
An hirer Aarbecht ass d’INECC op verschiddenen Terrainen aktiv:
Dëst sinn d’Zieler an d’Missioun vun der INECC. Dass d’Stëmm vu jidderengem erschaalt!
INECC – Ofschlossconcert vum Gesangsatelier
Concert vun de Stagiaire vum Atelier vun der INECC
Concert mat reliéiser Musek aus Polen a Lëtzebuerg
La chorale de la cathédrale de Varsovie « Musica Sacra » (PL)
et « Chorus salicti » (LU)
Chouer Musica Sacra
De Chouer „Musica Sacra” ass am Joer 2002 gegrënnt ginn. Zënter 2004 sinn si de Chouer vun der Kathedral vu Warschau-Prague. De Chouer schafft mat enger Rei Artistenagencen zesummen a konnt sou deelhuelen um Festival vun der polnescher Kultur an Italien, um Festival vun de Kathedralen a Frankräich, um „Wratislavia Cantans“, dem „Laboratory of Comtemporary Music“ zu Warschau an dem „Gaude Mater“ – en internationale Festival vu reliéiser Musek zu Czestochowa. De Chouer hat och eng Rei Optrëtter mat Jazzlidder a „Stabat Mater“, mat der Bedeelegung vum polnesche Jazzpianist Wlodek Pawlik. No enger Serie vu 16 Concerten a Polen, gouf d’Aarbecht vum Chouer an der Kierch „Santa Maria“ in Trastevere zu Roum während dem Festival vun der polnescher Kultur presentéiert. Et gouf eng CD vun de Chéier opgeholl, déi dem Poopst Jean-Paul II dediéiert ass an déi de berühmte Präis „Fryderyk Award“ vun der polnescher Disquen Industrie 2005 kritt huet.
Zwou aner CDen kruten och de Präis „Fryderyk Award“: „Liebeslieder-Walzer“ begleed vu Musek vu Brahms a Mendelssohn (MSE 002, mat dem Ravel Piano Duo an dem Pianist Marcin Lukaszewski) an „Masterpieces of Choral Music“ (MSE 003, eng Auswiel vu Stécker vun Górecki, Kilar, Tavener, Pärt et Vasks). Dem Chouer seng lescht Opnam ass eng Liveopnam vun „Dies Irae“ vum Marian Borkowski mam symphonesche Radiosorchester Polen ënnert der Direktioun vum Piotr Borkowski, während engem Concert am Witold Lutoslawski Polish Radio Concert Hall am November 2006 (MSE 011). „Musica Sacra“ hat seng éischt Optrëtter mat Wierker vum Stanislaw Moryto, Joël Merah (Frankräich), Boris Alvarado (Chile) an Daniel Luzko (Paraguay).
De Chouer huet och nach den Präis vun der Stad Quentin kritt fir dee beschten Optrëtt vun zäitgenössecher Aarbecht. Dëst um Europäesche Concours vun de Chéier an de Maîtrise vun de franséische Kathedralen am Joer 2006. Um Ufank vum Joer 2007 gouf de Chouer vum Paderewski Symphony Orchestra invitéiert, fir un de Performancen vum Stanislaw Moniuszko „The Haunted Mano“ am Rosemont Theatre zu Chicago deelzehuelen.
Chorus salicti
De „Chorus salicti“ ass e jonken an dynamesche Chouer, deen am Dezember 2010 vum Marcin Wierzbicki gegrënnt gouf an sech aus professionellen an amateur Sänger zesumme setzt. An nëmmen 2 Joer huet de Chouer „Chorus salicti“ sech verschidde Repertoiren ugëeegent (Chrëschtconcerten, eng Sammlung vu „Stabat Mater“ vum Mëttelalter bis 20. Joerhonnert) an huet u verschiddenen symphonesche Projeten deelgeholl: d’“Johannes Passioun“ vum J.P. Kemmer mam Ochestre Philharmonique de Luxembourg am Februar 2012, „Carmina Burana“ vum C. Orff mat der Chorale vu Konsdrëf an der Harmonie Municipale Echternach am Juni a Juli 2012, Galaconcert zum Ofschloss vun der Présidence vun der Lorraine an der Groussregioun am Dezember 2012 an der Kathedral vu Metz. Dëse Concert gouf dirigéiert vum Jacky Locks, an et hunn 3 Chorallen, e symphoneschen Orchester a Solisten drun deelgeholl. De Repertoire huet aus „Alleluia“ vu verschiddene Komposisten, wéi zBsp: Buxtehude, Bach, Haendel, Mozart, Twardowski, bestanen.
De „Chorus salicti“ war de Gewënner beim Concours „A vous de chanter“ (2011), dee vun der INECC organiséiert gouf. Gewonnen hunn si mam Lidd: „Pieśń o Narodzeniu Pańskim“, wat dann och op enger CD publizéiert gouf.
De Marcin Wierzbicki ass Komponist, Dirigent, Tenor a Conter-Tenor. 1993 krut hien den Diplom mat Mentioun an der Kompositioun vun der Académie de musique F. Chopin zu Warschau. 2004 krut hien säin Doktorat. Hien ass Grënner vum „Chorus salicti“ a vum „Hoquetus Ensemble“ – e Vokalensemble vu Solisten, deen sech op al Musek spezialiséiert huet an zënter 3 Joer zu Lëtzebuerg optrëtt. Hien ass och Dirigent vu verschiddene lëtzebuergesche Chorallen, ënnert anerem vun der Chorale vu Buurschent an de Steeëner Sängerfrënn. Hien hëlt pro Joer u ganz ville Concerten, reliéisen oder zivile Zeremonien an u verschiddenen kulturelle Manifestatiounen (Tour des mélodies, Veiner Bicherfest, Festival médiéval de Vianden) deel a schafft mat aneren Ensemblen u gréissere musekalesche Projeteën.
Hien ass och den Organisateur vu kulturellen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg wéi: Festival vu polnescher Kultur, Film Festival CinEast. 2011 krut hien d’“Médaille en argent – Gloria Artis“ vum polnesche Kulturministère fir säin Asaz vun der polnescher Kultur am Ausland.
Beata Szalwinska Aconcagua Project (PL/LU)
1. Deel: lëtzebuergesch a polnesch Stécker fir Piano
2. Deel : A. Piazzola Aconcagua Concerto
Beata SZALWINSKA, pianiste
D’Beata Szałwińska huet den Diplom vun der Académie de Musique Frédéric Chopin vu Warschau. Si huet um Enn vun hire Studien de Concours vun der beschter Débutante gewonnen a spillt Concerts mam Nationale Philharmoneschen Ochester vu Warschau. Si huet de Pianos Concours vun der beschter Interprétatioun vum Concerto de piano vun der 4. Symphonie vum Karol Szymanowski gewonnen. No hirem Optrëtt huet de Krzysztof Baculewski geschriwwen, dass si schéi, roueg a romantesch Sätz présentéiert huet, déi un d’Musik vum Chopin denke loossen an de Publikum mat enger farweräicher Interprétatioun charméiert huet. Hir Prestatioun gong an eng klassech Richtung, déi animéiert war vun expressive Motiver, verführeresche Sätz an enger erfrëschender Approche. Ouni Zweifel ass d’Beata Szałwińska eng extrem begabte Pianistin, wéi de Publikum et och mat Ovatioun confirméiert huet.
D’Beata Szałwińska huet mat enger franséischer Bourse hier Studien an der l’Ecole Normale de Musique Alfred Cortot zu Paräis an am Conservatoire Olivier Messian mam Professer Sergiei Markarov gemach. Si huet un enger ganzer Reih Concerten a Festivaler a Polen an am Ausland deelgeholl. Si huet och eng ganz Reih Opnahme fir de Radio an Televisioun gemach. 1998 krut d’Beata Szałwińska den 1. Präis am „11e Tournoi International de Musique“ à Tamines an der Belsch. 2001 koum hir éischt CD eraus, déi extra vun de Kritiker geluewt gouf, haaptsächlech fir hir Interpretatioun vun „l’Impromptu en sol bémol majeur op. 90 No 3“ vum Franz Schubert an déi „9 Préludes op. 1“ vum Karol Szymanowski op eng ganz orginell an onkonventionell Visioun. D’Beata Mosicka-Krajewska schreiwt: Si iwwerrascht d’Nolauschterer mam Individualismus vun hirem musikaleschen Ausdrock, wou hir personalitéit aus all Nout, aus all Satz an aus all Wierk erauskënnt.
D’Beata Szałwińska ass Pianistina leader vum „Aconcagua Quintet“, eng Formatioun, déi haptsächlech Wierker vum Astor Piazzolla interpretéiert. A Polen huet si masterclasses mam Ryszard Karczykowski, dem gréisste polneschen Tenor ginn. Mam „Aconcagua Quintet“ huet si um Projet vum Anu Sistonen am Spectakel „Life“ – dat e ganz grousse Succès war – deelgeholl. Eng faszinant musikalesch Begéinung war hire Concert mam Franco Luciani, ee vun deene bekannteste Virtuosen op der Harmonica, mat deem si am Mäerz 2014 eng Europa Tournee ufänkt. Zënter 2011 spillt si am Duo mam Bandonéonist Gilberto Pereyra. 2012 koum hir nei CD „Aconcagua Projet“ eraus: den Astor Piazzolla mam „Aconcagua Concerto“ fir Piano a Sextet an aner Wierker am Duo mam Gilberto Pereyra interprétéiert. Dësen Album ass ganz gutt opgeholl gin, souwuel vun de Professionnelle wéi vum Publikum an de Kommentator aus de Wochenzäitschrëft „Le Jeudi“ schreiwt: déi grouss Sensibilitéit vun der Pianistin bréngt stark Gefiller erviir, déi ee ganz durchdréngen.
Si hat de 7. an 8. Februar am CAPE (Centre des Arts Pluriels d’Ettelbrück) am Spektakel „Flood“ hire leschten Optrett mat der „3. Sonate en Si mineur“ vum Frédéric Chopin, a Koopératioun mat der bekannter finnescher Choréografin Anu Sistonen. D’Journalistin vum Luxembuerger Wort Marie Laure Rolland huet geschriwwen: d’Interpretatioun vun dëser Sonate ass vun enger furchtbarer Virtuositéit.
Beata Szalwinska: Aconcagua Concerto. part 1
Beata Szalwinska: Aconcagua Concerto. part 2
Beata Szalwinska: Piazzola. Milonga sin Palabras
Projectioun vu Filmer
Frozen Stories / Opowieści z chłodni
Dir. Grzegorz Jaroszuk
PL, 2011, 27 min, VO ST ENG
Eng grotesk Geschicht vun engem jonke Mann an enger jonker Fra, déi an deem selwechte Supermarché schaffen. Si ginn als déi schlechst Beschäftegt ugesinn a kréien den Optrag, hirem Liewen en nei Sënn ze sichen an e ganzt neit Liewen an nëmmen 2 Deeg unzefänken. Eng Televisiounsemissioun soll hinnen dobäi hëllefen.
www.polishshorts.pl/en/film_catalogue/fiction/1002/
Boo! / Muka
Dir. Kordian Kądziela
PL, 2012, 27 min, VO ST ENG
De Jousef ass e Mann vu 40 Joer, dee moies net vill Ursaach huet mat engem Laachen opzestoen. Hien hat vill Fraen a Frënn a sengem Liewen, mee si sinn et net bliwwen. Säi Liewensraum besteet aus senger Aarbechtsplaz (ee klenge Schapp op engem Parking) an enger Kummer, déi net méi wéi 3 Meter grouss ass, am Appartement vu senger Mamm. D’Situatioun gëtt nach méi komplizéiert, wéi hien enges Daags vun 2 Friemen mat komeschem Gezei ugehale gëtt. „Boo“ ass eng séiss – sauer Geschicht, déi op dem Franz Kafka seng Novelle „Prozess“ baséiert.
www.polishshorts.pl/en/film_catalogue/fiction/1146/
Date-Lech
Dir. Michel Tereba, Georges Waringo
LU, 2009, 18 min, VO ST ENG
D’Lisi an de Georges, zwee frësch Jonggesellen, waarden op een „speed dating“ Owend. Op dësem Owend begéinen si enger ganzer Palette onadaptéierte Leit. Um Schluss vum Film misst een sech d’Fro stellen: wëlle si wierklech eng aner Partnerschaft?
www.podium.lu/video-newest/54-date-lech-virschau
De Bommeleeër
Dir. Michel Tereba
LU, 2008, 3 episodes 25 min, VO ST ENG
Eng witzeg zäitgenëssesch Komedie an där reell Evenementer heiansdo verstoppt sinn. De „Bommeleeër“ (e mystesche Personnage vun engem Terrorist, deen zur lëtzebuergescher Geschicht gehéiert) kënnt zréck fir d’lëtzebuerger Land ze terroriséieren. Zwee Polizisten, dem Mulles an dem Frunnes – allebéid sou domm wéi ee Stréckel – geléngt et de Bommeleeër festzehuelen. No an no gëtt dem Bommeleeër säi Plang entwurrelt an et fënnt een net eraus, wat fir Elementer wouer sinn a wat fir net...
Presentatioun vum Buch „ITINERARY – Resonance” d’Elisabeth Calmes (LU) a vun der CD vum Komponist Ignacy Frederik Heringa (PL-NL). A Präsenz vun den Artisten.
Gastronomeschen Owend PL-LU
D’Buch « Itinéraire-résonnance : Luxembourg-Paris-Manhattan-Warsaw » reflektéiert de Wee vun der Molerin Elisabeth Calmes. Lëztebuerg wou si gebuer ass, Paräis wou si geliewt a geschafft huet, duerno New York, wou d’Molerei si higezunn huet a méi rezent e kuerzen Openthalt zu Warschau. Dëse Wee erklärt sech duerch déi familiär an affektiv Verbindung, déi d’Molerin mat Pole verbënnt. Am Jor 2012 gouf d’Ausstellung: „Itinerary-Luxembourg-Paris-Manhattan“ vun der Elisabeth Calmes a Polen gewisen. Beim Vernissage gouf d’Musik vun engem jonken polnesch-hollännesche Komponist Frederik Heringa gespillt. Dës Musik, déi sech un de Biller inspiréiert, gouf extra fir de Vernissage komponéiert an dréit dee selwechten Titel wéi d’Ausstellung: „Itinerary-Luxembourg-Paris-Manhattan“. D’Elisabeth Calmes huet sech un dëser Kompositioun inspiréiert fir eng ganz Reih Aarbechten am klenge Format op Pabeier oder Toile mat enger ganz anerer Technik ze schaafen. Dës Série « Résonnance » ass demno eng Äntwert op dem Frederik Heringa seng Musik, déi sech jo un den Tableaue vun der Eisabeth Calmes inspiréiert hat. Sou ass een echten Dialog entstanen: Itinéraire – Résonnance. Mee dës Aarbecht « Résonnance » ass och inspiréiert un der tragescher Geschicht vu Polen, un der Visite vum Musée de l’Insurrection a vum Musée Chopin. Och déi sellech Begéinunge vun der Elisabeth Calmes mat polnesche Leit fannen hei hiren Nidderschlag. Polen, dat am Ufank sou weit ewech war, get an d’Biller vun der Elisabeth Calmes agegliddert. « Itinéraire-résonnance » gouf um Festival de la Francophonie an der lëtzebuergescher Ambassad zu Warschau présentéiert. Zu gläicher Zäit gouf och dem Frederik Heringa säi Wierk opgefouert.
Stanisław Soyka & Soyka Quintet+
et Hoquetus Ensemble (LU)
Gesonge Poesie aus Polen a Lëtzebuerg - a Cooperatioun mam Printemps des Poètes Luxembourg
Stanislaw Soyka – Sänger, Komponist a Museker zënter Joren ee vun deene renoméierste Kënschtler aus der polnescher Musekswelt. Hi schreift a senge Lidder iwwer d’Léift, iwwert d’Waarden op Evenementer an d’Onméiglechkeet se ze änneren. Hien huet méi wéi 35 Albumen erausginn, vun deenen eng Rei zu „disque de platine“ gi sinn. Hie wollt sech ni vun der Moud an den Tendenze bestëmme loossen, ganz am Contraire huet hie seng eege musikalesch Richtung entwéckelt. Sou gouf hien en Artiste, dee kloer ze erkennen ass, schonn no deenen éischte Kläng vun de Lidder a mat engem ergräifende Repertoire.
Am Kader vum Festival « Printemps des Poètes », interpretéiert de Stanisław Soyka Lidder, déi entstane sinn op Grond vu Poesie vu bekannte polneschen Dichter, wéi zum Beispill Czeslaw Milosz, Wislawa Szymborska, Leopold Staff, Halina Poswiatowska, Boleslaw Lesmian. Hien interpretéiert och 5 englesch Lidder, opgrond vu „Sonnets“ vum Shakespeare.
Hie gëtt begleet vum SOYKA QUINTET +, deen 2004 gegrënnt gouf. D’Artiste vun dësem Ensembel sinn: Stanislaw Soyka (Piano a Gesank), Aleksander Korecki (Saxophon a Flute), Przemek Greger (Gittare), Marcin Lamch (Bass), Zbyszek „Uhuru“ Brysiak (Percussioun), Kuba Sojka (Batterie a Gesank) an Antoni Sojka (Piano).
De Style vum SOYKA QUINTET + kéint ee bezeechnen als „Pop de chambre“ mat Afloss vu Jazz, Soul an traditioneller polnescher Musek. De Grupp iwwerrascht mat enger grousser Faarwevillfalt an d’Temperamenter, eenzel Artiste léisen eng speziell Energie vun improviséierter Musek aus. De Stanisław Soyka ass en Interpret mat engem grousse Charisma a mat enger aussergewéinlecher Präsenz op der Bühn. Scho mat deenen éischten Téin faszinéiert hien d’Nolauschterer a féiert si duerch déi verwuerelt Pied vun senger Sensibilitéit.
Kommt a lauschtert selwer, a wat fir eng Richtung dës musikalesche a poetesch Rees Iech féiert.
De Concert ass a Kooperatioun mam Festival « Printemps des Poètes ». Virum Concert trëtt den „Hoquetus Ensemble“ mam Jérôme Klein op, mat Stécker vum Camille Kerger a Marcin Wierzbicki a mat Texter vum Nico Helminger.
Stanislaw Soyka: To love and to loose
Stanislaw Soyka: Bootlegs Chronology
Stanislaw Soyka: Sheakspeare Sonnet 66
« post-scriptum »
Rock-Concert
Chemia (PL) vs. Porn Queen (LU)
Rockband „Chemia“
D’Rockband „Chemia“ léisst keen onberéiert. An der aktueller Besetzung besteet dës Band eréischt zënter e puer Méint, awer si huet schonn e puer Erfolleger ze verzeechnen: 2012 huet „Chemia“ méi wéi 50 Concerten a Polen, Däitschland a Kanada gespillt an ass als Supportband bei Weltstare wéi Guns’n’Roses, Red Hot Chilli Peppers, Kasabian, H-Blochx an dem Paul Rodgers opgetrueden. Hire leschten auslänneschen Optrëtt war an der legendärer Horseshoe Tavern zu Toronto, wou scho Berühmtheete wéi Rolling Stones oder Aerosmith hir éischt Schrëtt gemaach hunn. Hire ganz neien Album, deen nach dëst Joer soll erauskommen, ass an Zesummenaarbecht mat deene beschten Adressen an der Musiksszene entstan. D’Opname goufen zu Vancouver am berühmten „Warehouse Studio“ vum Bryan Adams gemaach. An hirer Musek vereenegt „Chemia“ iwwerraschend verschidden erkennbar Museksstyler, wéi den Afloss vu Rock, Grunge, Jungle a souguer Groovy Disco. D’Band plangt de Moment un enger grousser Tournée, wou si dem Publikum hir nei CD wëllt virstellen.
„Porn Queen“
„Porn Queen“ ass eng Hardrock Band voll Energie an Enthusiasmus. Si gouf 2007 vun 2 Brasilianer gegrënnt, déi zu Lëtzebuerg wunnen: de Lucas Ferraz (Gesang a Gittare) an de Fred Barreto (Gittare). Wéi den Yves DeVille (Percussioun) an den Daniel Fastro (Bass) derbäi koume war d’Band vollstänneg. Hir Musik ass haaptsächlech vum Hardrock aus den 80’ Joren (Guns’n’Roses, Aerosmith, ....), awer och vu Blues a Rock’n’Roll beaflosst. 2010 huet d’Band „Porn Queen“ als Supportband virum engem Concert vu Slash, dem legendäre Gittarist vu Guns’n’Roses an der Rockhal zu Belval gespillt. Den Optrëtt war e groussen Erfolleg an d’Band huet séier vill Fans kritt. „Porn Queen“ ass schonn op ville wichtege Rockfestivaler opgetrueden, wéi Sonisphère, Rock-A-Field an NetRock, wou si 2011 mam Präis vun der Jury ausgezeechent gouf. D’Band begleed och den amerikanesche Gittarist Richie Kotzen (fréier bei der Band Poison a Mr Big) op senger Concerts Tournée an Europa an huet als Supportband fir Slash a Brasilie gespillt. D’Band huet bis elo eng Publikatioun mat 4 Lidder erausbruecht. Hiren 1. Studioalbum soll 2013 erauskommen.
polska.lu asbl
9 op Harent, L-9171 Michelau
Tél.: +352 621 51 91 92
festival@polska.lu