Partner

logo of INECC INECC Lëtzebuerg
Institut Européen de Chant Choral

D'INECC garantéiert d’Virbereedung an d’Entfalung vun der Musek an dem Gesank zu Lëtzebuerg, andeems si an Zesummenaarbecht mat dem Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg schafft. Desweideren stinn si och a Verbindung mat de Federatiounen vun de Chorallen, dem Enseignement am allgemengen a ganz speziell mat deene Strukturen, déi sech fir d’Musek asetzen.
An hirer Aarbecht ass d’INECC op verschiddenen Terrainen aktiv:

  • Zentrum am Déngscht vum grousse Public a verschiddene politeschen oder kulturellen Institutiounen, wéi fir Veräiner.
    (Rotschléi, Informatiounen, Studien, Treffen...);
  • Ënnerstëtzung vun Amateur-Sänger, Eenzel- oder Gruppenunterrecht
    (Informatiounen, Rotschléi, Formatioun...);
  • Formation continue fir d’Enseignanten aus de Conservatoiren a Museksschoulen, de Museker, déi an der Schoul schaffen, den Dirigenten vu Gesangveräiner, Sänger, Museksproffen aus de Lycéeën, Personal vun de Crèchen an soziokulturellen Zentren
D'INECC ass och eng Verbindung tëschent Amateuren a Professionellen, fir:
  • ze informéieren (informéieren, orientéieren, beroden);
  • ze begleeden (Präsenz um Terrain);
  • ze iwwerleeën a matzeschaffen (mat kulturell ausgeriichte Strukturen).
Et geet ëm:
  • entfale vun der Qualitéit an der Praxis vun den Amateuren;
  • ënnerstëtzen an ervirsträiche vum Wëssen iwwert all Museks Genre, all Repertoire, d'Schaffen, d’Residenz vun Artisten, nei Aktiounen erfannen, den Dialog tëschent de Kulturen;
  • Fäegkeeten entfalen;
  • Goût a Loscht un der Musek entstoe loossen;
  • un der Zukunft baue mat Aktioune fir Kanner a Jugendlech an dat schonn sou fréi wéi méiglech.

Dëst sinn d’Zieler an d’Missioun vun der INECC. Dass d’Stëmm vu jidderengem erschaalt!

logo of Ancien Cinéma Clubcafé „Ancien Cinéma“ zu Veianen
... do wou d’Kultur doheem ass

De Kulturcafé „Ancien Cinéma“ zu Veianen ass zënter senger Ouverture 2008 e groussen Erfolleg. Vun Ausstellunge vun traditionelle Molereien bis hinn zu avantgardisteschen Opféierungen, vu Filmklassiker bis zu onofhängege Produktiounen, vu Louis Armstrong bis James Bond – den „Ancien Cinéma“ ass zu gläicher Zäit Konschtgalerie, Bibliothéik, Programmkino an Jazzclub. Ee vun den éischte Kënschtler, deen seng Wierker am „Ancien Cinéma“ ausgestallt huet war de bekannte lëtzebuergesche Fotograf Raymond Clement. Den „Ancien Cinéma“ ass bekannt fir seng Jazzconcerten an et si scho berühmt Leit aus der lëtzebuergescher Jazzszene hei opgetrueden, wéi zum Beispill Jitz Jeitz, Marc Demuth a Sacha Ley. Fir déi, déi elektronesch Kläng gär hunn, stinn all Freideg bekannte lëtzebuergesch an international DJen beim Mëschpult. Am „Ancien Cinéma“ trieden ausserdeem Folklor-, Blues- a Rockgruppen an alternativ Museksgruppen op – et ass fir all Museksgoût eppes derbäi.

Bei allem kulturellem Engagement ass den „Ancien Cinéma“ gläichzäiteg och eng Plaz, wou ee gutt Iessen a Gedrénks genéisse kann: ausgewielte Béierzorten, Finger-Food, hausmaacher Dessert, wéi och eng grouss Zuel vu verschiddene Whiskyszorten. Bioproduiten an Schneekegkeeten (net nëmme fir Kanner!) gëtt et och all Dag.

Fir privat Filmvirstellungen, méi grouss Filmpresentatiounen, fir Feieren am private Kader oder Konferenze kann een e Sall lounen. De Catering gëtt ganz op Wonsch ausgeriicht.

Den „Ancien Cinéma“ schafft mat ville Verbänn an Organisatiounen zesummen, wéi mat dem lëtzebuergeschen a polneschen Kulturministère, der polnescher Botschaft, dem polnesche Kulturveräin Polska.lu, dem „Institut Européen de Chant Choral“ (INECC; Europäescht Institut fir Chouergesank), de Kultureilen, dem Victor Hugo Musée vu Veianen, dem Veräin „Isleck ohne(ouni) Grenzen“, der Gemeng Veianen an aneren nationalen an internationale Kulturariichtungen. Den „Ancien Cinéma“ bedeelegt sech u ville Festivalen, wéi dem Filmfestival CinEast, dem Bicherfestival zu Veianen, dem polnesche Kuturfestival zu Lëtzebuerg an dem Veianer Musiksfestival.

Weider Informatiounen iwwert den „Ancien Cinéma“ fannt Dir op:
www.anciencinema.lu

logo of Printemps des Poetes Printemps des Poetes

6e Printemps des Poètes – Luxembourg

D’Stëmme vun der Poesie
12., 13. a 14. Abrëll

« Qu’il soit murmure, cri ou chant, le poème garde toujours quelque chose de son oralité native. Il est donc peu ou prou une affaire de voix, la voix intérieure du poète répondant aux voix du monde ». Dës Gedanke si vum Jean-Pierre Siméon an enger Zäit, wou d’Poesie –Verser oder Prosa – geschwat, gesongen, geruff/gejaut, psalmodéiert gëtt. D’Stëmm vum Poet an d’Stëmm vun deem, dee liest.

D’Poesie ass „musique par excellence“ sou seet de Mallarmé. Et ass net nëmme just déi Musekalitéit vun de Kläng, dem Rhythmus an der Konstruktioun vun de poetesche Sätz. Et geet drëm, sou den Claude Estaban « la poursuite d’une harmonie plus vaste, qui régit aussi bien les constellations que le souffle qui nous porte, et chacun de nos pas. Le poème est là pour en témoigner avec ses mots ouverts, cette voix qui s’adresse à l’autre, comme un geste d’accueil, une promesse d’unité ».

„Les voix du poème“ ass d’Thema vum 6. Festival „Printemps des Poêtes – Luxembourg“. Déi mëndlech Presentatioun gëtt ervirgestrach a si gëtt ëm sou méi lieweg, wéi se polyphonesch an a ville Sproochen duergestallt gëtt. Rendez-vous ass den 12., 13. a 14. Abrëll op dräi schonn traditionelle Plazen: d’Kulturfabrik, de Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster an d’Galerie Simoncini, fir déi 12 grouss poetesch Stëmmen ze entdecken, déi d’Opbléie vun engem neie Fréijoer garantéieren.

Mat senge Partneren, den Ambassaden, de Kulturinstitutiounen a Lycéeën – empfänkt de „Printemps des Poètes – Luxembourg“:

Nanni Balestrini (Italien) / Franzobel (Eisträich) / Emilian Galaicu-Păun (Moldawien) / Stan Lafleur (Däitschland) / Ester Naomi Perquin (Holland) / Jacek Podsiadło (Polen) / Jean Portante (Lëtzebuerg) / Lionel Ray (Frankräich) / Josep Maria Sala-Valldaura (Katalounien) / David Teles Pereira (Portugal) / Raphael Urweider (Schwäiz) / Antoine Wauters (Belsch).

Leschte Rendez-vous vum „6e Printemps“, ass den 21. Abrëll am CCR Neumünster mam Stanisław Soyka (Polen) an dem „Hoquetus Ensemble“ mam Jérôme Klein (Lëtzebuerg) fir eng Soirée vu gesongener Poesie am Kader vum 3. Festival vu polnescher Kultur zu Lëtzebuerg.

Organisator

logo of Association polska.lu asbl

Patronnage

logo of Ambassade de Pologne au Grand-Duché de Luxembourg

An Zesummenaarbecht mat

logo of le Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (CCRN) logo of Ancien Cinéma logo of INECC logo of Printemps des Poetes logo of Nova Osada logo of Musica Scara
logo of IFL

Mat finanzieller Ënnerstëtzung

logo of Ministere de la Culture logo of Ministry of Foreign Affairs of the Republic of Poland

Medie-Partner

logo of Polskie Radio LU logo of 100,7 Radio logo of ARA Radio logo of Bomdia logo of CM logo of TVP Polonia

Sponsor

logo of Polsteam

Kontakt

polska.lu asbl
9 op Harent, L-9171 Michelau
Tél.: +352 621 51 91 92
festival@polska.lu

Facebook