Jean Paul II : Mann a Kultur
Freideg, 20. Abrëll, 18.30 Uhr, Cathedrale Notre-Dame, Luxemburg
D’Ausstellung « Jean Paul II : « Mann a Kultur » spigelt déi verschidden Aspekter aus dem Liewen vum polneschen Poopst erëm a seng Auswierkungen zu Gonschten vun der Kultur an Bildung. Mat Beruffung op d’Wieder vum Jean Paul II an sengem Virtrag virun der UNESCO : « D’Stäerkt vun dëser Ried ass datt et sech net em eng Kulturtheorie handelt, mä em en Temoignage vun der Kultur. Dësen einfachen Temoignage vun engem Mann , deen op Grond vun sengen eegenen Erfarungen ausdréckt , wat Kultur an der Geschicht vun senger Natioun an an der Geschicht vun allen Natiounen ass. », (Jean Paul II) , wäert d’Ausstellung déi wichtegst Froen vun der Kultur am Liewen vun den Natiounen uspriechen.
D’Ausstellung erënnert un déi wichtegst Passagen aus der Ried vum Poopst bei der UNESCO an ass illustréiert mat Fotoen aus den Archiven vum Museum Jean Paul II zu Wadowice ewéi och aus den städteschen Curiearchiven vun Krakau. Si stellt och all d’Ideen duer , wou den Jean Paul II probéiert huet d’Wuerzelen ze fannen vun deem wat an der Welt geschitt, fir sengen Zäitgenossen – jidder Eenzelem an ganzen Vëlker – d’Kapassitéit vun dem liewegen Gefill vun der Identitéit ze erwächen, duerch opmierksam maan un « d’ Erënnerung ».
De Museum Jean Paul II zu Wadowice huet d’Realisatioun vun der Ausstellung « Jean Paul II : Mann a Kultur » dem Atelier SOWA SZENK s.c. uvertraut. D’Ausstellung war fir d’éischt den 16. Dezember 2013 am franséischen Siège vun der UNESCO zu Paräis ze gesinn.
D'Ausstellung ass bis 13. Mai ze gesinn.
En cooperation avec :