Raz, Dwa, Trzy – Wichteg Lidder
Freideg, 20. Abrëll 2018, 20:00 Auer
Sang a Klang, 1 Rue des Trois-Glands, 1629 Luxembourg
Dëse Programm ass eng Rees duerch de musikaleschen Universum vun der Grupp. D’Liddertexter vum Adam Nowak erzielen eis vun der Léift, den Ofgrënn vun der menschlicher Séil an dem Liewen un sech. Hien hält eis de Spigel vir, probéiert de Sënn vum Liewen ze ergrënnen a freet no eisem Glawen an eisen Zweiwel.
Raz, Dwa, Trzy
Säit ville Jore bleift Band hirem eegene Wee trei, a fannen doduerch den Erfolleg beim Publikum an den Respekt vun de Kritiker. Der Raz, Dwa,Trzy Band hir Karriäre huet um Student Music Festival zu Krakau ugefaangen. Si ginn oft als Rockband bezeechent , och well se um Jarocin Rock Festival (dem gréisste polnesche Festival fir Rockmusek) opgetruede sinn. Hir Fans awer begeeschteren sech fir Raz, Dwa,Trzy an den Adam Nowak wéinst hirem verdreemte Bossa Nova, entspaante Reggaerhythmen an deem harmoneschen Zesummespill vu Gittaren, Akkordeon a Kontrabass. Diversitéit vun den agesaten Instrumenter, déi meeschterhaft arrangéierte Stecker an hir Leidenschaft fir eppes ze schaffen an ze spillen , maachen des Band onverwiesselbar. Dem Adam Nowak seng Liddertexter si Geschichte ronderëm en déiwe Message mat philosopheschem Inhalt. Hien huet keng Angscht sengem Publikum schwiereg an definitiv Froen ze stellen an ze konfrontéieren. Seng Texter beweegen seng Nolauschterer an halen nach laang no. Raz, Dwa, Trzy sinn eemoleg.