MozART Group – Mozzartissime!

Freideg, 13. Abrëll 2018, 20:00 Auer
Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
28, rue Münster, L-2160 Luxembourg-Grund

 ⇒ Eintrittskarten

D’Kenne vun dësem verréckte Quartett ass an éischter Linn musikalesch. No hirer Interpretatioun ass dem Mozart seng „Kleine Nachtmusik“ eng Rees duerch de Welle Westen an Tirol , mat engem excellenten Ausdrock vun der 2ter Violin an der jiddescher Musek.


De bekannte polneschen Ensembel MozART spillt mat de Konventiounen a gräift de klassesche Repertoire mat Humor a Frechheet op. Des Meeschteren an der Musek, diploméiert vun der renomméierter Musikakademie vu Warschau a Lodz, präsenteiren an der Abtei Neimënster hir Show : „Mozart – ëmmer nach lieweg !“. Entdeckt goufen si 1995 mat hire musikalesche Sketcher um Canal Plus an hunn zanterhier eng selege prestigeträchtig Preiser kritt . Säit 1995 trëtt de MozART Ensembel an der ganzer Welt op an hunn hire Spektakel schonns iwwer 5000 mol a 50 Länner op 4 Kontinenten opgefouert.
Des eenzegaarteg Kombinatioun aus klassescher Musek mat Humor, wäert Jong an Aal begeeschteren.
 

In Zusaamenarbeit mit