Festival de la culture polonaise - Festival

E Wuert vun dem polnesche Botschafter zu Lëtzebuerg
E Wuert vun dem polnesche Botschafter zu Lëtzebuerg

Dir Dammen an Hären,

Ech sinn ganz frou Iech am Virfeld vun der 5.Editioun vum polneschen Kulturfestival am Grand-Duché kennen ze begréissen. Dëst Joer féiere mer den 100. Joresdag vun der Onofhängegkeet vun der Republik Polen. Dësen Festival erlaabt et déi räichhalteg Traditiounen an Modern vun den Polen ze presentéieren ,  déi ëmmer oppen sinn fir Zesummenaarbecht an Dialog mat der lëtzebuergescher Communautéit, den Gemengenautoritéiten, den kulturellen Institutiounen an den Kënschtler. Eisen Festival ass en zykleschen Event datt d’Kultur vum Land mat sengen 38 Milliounen Awunner fuerdert. Hien béid sengem Publikum net nëmmen   aussergewéinlech artistesch Wäerter  mä och eng ausseruerdentlech Atmosphär, deen d’Konditiounen schaaft fir Zesummenaarbecht tëscht eisen zwee Länner nach méi ze verdéiwen. D’Organisatioun vum Festival ass eng Equippenaarbecht tëscht der Associatioun Polska.Lu an der Ambassade vun der polnescher Republik zu Lëtzebuerg. An den nächsten Méint hu mer d’Méiglechkeet fir un sëllechen Concerten mat klassescher Musek, Jazz a Pop, Filmvirstellungen an Ausstellungen deelzehuelen – a mat dem Direkter vum Festival, dem Här Marcin Wierzbicki  invitéieren mir Iech elo schonns des Evenementer net ze verpassen.
Ech   wënschen jidderengem en herrlecht kulturellt Fest an erklären den 5. polneschen Kulturfestival offiziell fir op.

Piotr Wojtczak
Botschafter

E Wuert vun dem Direkter vum Festival
E Wuert vun dem Direkter vum Festival

Dir Dammen an Hären

Déi 5. Editioun vum polneschen Kulturfestival zu Lëtzebuerg ass d’Resultat vun der  Zesummenaarbecht mat eisen laangjäregen Partner : der Ambassade vun der Republik Polen zu Lëtzebuerg, dem Kulturzentrum „Abtei Neimünster”, der Gemeng Bourscheid, dem „Ancien Cinema” zu Veianen an villen aneren. Den desjäregen  Festival ass den Héichpunkt vun 10 Joer Aktivitéiten vun eisem Veräin „polska.lu”, deen dann och gläichzäiteg zanter 10 Joer besteet. Mam Programm vum Festival wëlle mir déi wichtegst Eegenschaften vun eis Polen weisen; eisen ausseruerdentlechen Sënn fir Humor (MozART Group), eis originell Siicht op d’Welt (Band Raz Dwa Trzy), eis Léift zur Fräiheet an eisen déifverwuerzelten Patriotismus (Filmzyklus  Weeër zur Onofhängegkeet), eisen Glawen, eis  Begeeschterung an Bereetschaft (Ausstellung „Johannes Paul II: Mensch und Kultur) sowei eis Léift an Respekt géigeniwwer vun den Awunner an den Länner wou mir liewen (Fotosausstellung „D’Schéinheet vu Lëtzebuerg a Biller„  aus dem Workshop Fotografie vum Festival). Op des Aart a Weis wëllen mir eisen Deel zur Gemeinschaft bäidroen an deenen villen Länner wou mir liewen. Mir hunn eis drëm beméit datt den Programm vun dësem Joer der aussergewéinlecher Occasioun – dem honnertsten Joresdag vun der polneschen Onofhängegkeet – dee mir dëst Joer feieren och gerecht gëtt.
E groussen Merci geet un d’Ambassade vun der Republik Polen a Lëtzebuerg a ganz besonnesch un seng Exzellenz den Ambassadeur Piotr Wojtczak a senger Fra Iwona Wojtczak fir hir Hëllef bei der Organisatioun vum Festival. Merci well ech awer och dem „Ancien Cinema" aus Veianen a speziell dem Hanna a Maciej Karczewski soen fir hir Mataarbecht a bemierkenswäerten Bäitrag zum Programm vum Festival. Dem Ausseministère  an dem Kulturministère vu Lëtzebuerg, Merci fir déi finanziell Ënnerstëtzung. Och e groussen Merci un all eis Sponsoren a Partner vum Festival; an zu gudder Letzt allen Memberen vun „polska.lu” an deenen villen aneren Leit ouni dären Hëllef esou e Festival net stattfannen kennt.

Marcin Wierzbicki

President vun „polska.lu” asbl
Direkter vum Festival vun der polnescher Kultur zu Lëtzebuerg

Festival
Iwwert de Festival

Den polneschen Festival vun der Kultur hei zu Lëtzebuerg ass dëst Joer ganz spezial well en un en duebelen Gebuertsdag gekoppelt ass. Mir feieren 2018 net nëmmen 100 Joer Onofhängegkeet vu Polen mä och den zéngten Gebuertsdag vum Festival.
2008 hu mir mat vollem Elan ugefaangen. Wärend der éischter Editioun hu mer mat der Warsaw Village Band gedanzt, polneschen Jazz, zäitgenössig, aal an nei Club Musek gelauschtert, Animatiounsfilmer an Fotografien vun jonken polneschen Kënschtler gekuckt. 2010 war d’Chopin Joer wou mer déi vill Facetten vun dem Chopin senger Musek genoss hunn – klassesch, jazz an Folk Neiinterpretatiounen  an hu Filmer an Videoen déi dësem Kënschtler gewidmet waren gekuckt. 2013 war et dunn en Treffen vun der polnescher a lëtzebuergescher Kultur a mir hunn gemeinsam oder geigenseitig inspiréiert Wierker bewonnert vun Kënschtler aus béiden Länner. Um Festival vun 2015 sinn net nëmmen Concerten an Ausstellungen organiséiert ginn mä hei koumen och déi op hir Käschten déi sech kreativ betätegt hunn mat BD Atelier,Fotografie an Blues.
Jidder Ausgab vun deenenn 4 Editiounen war verschidden an eenzegaarteg, awer all Kéier haten se dat nämmlecht Ziel: vun dem heegen Niveau vun der polnescher Kultur ze profitéieren an déi intressantsten verschidden Aspekter deenen villen Intresséierten vun allen Ecken vun der Welt ze weisen. Eng Eegenschaft vun all Festival war Dominatioun vun der Musek, eng universell Sprooch déi net iwwersat muss ginn an déi vill Sproochen déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn. Genau esou wäert et och dëst Joer sinn. Mir hoffen Iech zu vill op der 5. Editioun vum polneschen Kulturfestival zu Lëtzebuerg kennen ze begréissen!