En Owend mat klassescher polnescher Musek

Paweł Kowalski – Pianoconcert

Dënschdes 2.Oktober 2018, 20:00 Auer
Philharmonie de Luxembourg, Salle de chambre

Fräien Entrée mat obligatorescher Virumeldung bis den 30.September op der Adresse : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!


Programme:

Fryderyk Chopin

Ballade g-moll Op. 23
Prelude e-moll Op. 28 Nr. 4
Prelude fis-moll Op. 28 Nr. 8
Prelude cis-moll Op. 28 Nr. 10
Prelude Fis-dur Op. 28 Nr. 13
Prelude g-moll Op. 28 Nr. 22
Scherzo b-moll Op. 31
Valse cis-moll Op. 64 Nr. 2
Valse Des-dur Op. 64 Nr. 1

* * *

Ignacy Jan Paderewski

Nocturne B-dur Op. 16 Nr. 4
Polonaise H-dur Op. 9 Nr. 6

Fryderyk Chopin

Fantasie-Impromptu cis-moll Op. 66
Mazurka B-dur Op. 7 Nr. 1
Mazurka f-moll Op. 7 Nr. 3
Mazurka D-dur Op. 33 Nr. 2
Mazurka e-moll Op. 41 Nr. 2
Mazurka cis-moll Op. 63 Nr. 3
Etude c-moll Op. 10 Nr. 12
Grande Polonaise As-dur Op. 53

***

An der Musek, déi Dir haut den Owend héiert vermëscht sech d‘polnesch Séil mat der Léift fir d'Fräiheet. An dësem Joer vun der 100 järeger  Onofhängegkeet vu Polen, kann een do verzichten op d'Wierker vum Frederic Chopin an Ignacy Jan Paderewski - déi gréisst Ambassadeure vun der Onofhängegkeet vu Polen an der dausendjäreger  Geschicht vun der polnescher Traditioun an Kultur? Loosse mer elo  d'Balladen,  Improvisatiounen an d’Polonaisen vun dësen zwee Komponisten lauschteren andeems mer d’Nostalgie an hinnen entdecken wéi och hir bemierkenswäert Schéinheet an ënnerlech Energie.

***

De Paweł Kowalski ass ee vun de bedeitendste a villsäitegen polneschen Pianisten. De Paweł huet Piano studéiert op der Musikhochschule Köln,  der Chopin Music Academy zu Warschau (Ofschlossdiplom mat Auszeechnung)  an  op der Vancouver Academy of Music ( perséinleche Stipendium vum Witold Lutosławski).
Pawel Kowalski huet bei sengem Debut 1989 zu Warschau als éischten nom Krystian Zimerman den Pianoconcert vum Witold Lutoslawski ënnert der Leedung vum Komponist selwer gespillt.Dësen Optrëtt gouf vun der Dageszeitung Życie Warszawy  als Concert vum Joer gefeiert. De Pianist ass ënnert anerem opgetrueden am Berliner Konzerthaus, an der Paräiser Salle Pleyel, bei internationalen Museksfestspiller wéi dem BBC Polish Season zu London, Pianofestival Ruhr,  Europalia International Arts Festival zu Bréissel, um Warschauer Herbstfestival, Mozart Festival zu Warschau, um Carinthischer Summer, bei internationalen Chopin-Festivalen zu Warschau,Duszniki, Antonin, Gaming an Marienbad an bei villen aneren. CD’en mat Wierker vum Chopin, Beethoven, Brahms, Zarebski an Panufni huet hien opgeholl an Opnamen fir Fernseh an Radio an iwwert zwanzeg Länner. Als Solist mat Orchester interpretéiert den Pawel Kowalski Wierker vum Mozart, Beethoven, Chopin, Brahms, Paderewski, Saint Saens, Ravel, Poulenc, Skrjabin, Rachmaninow, Gershwin, Addinsell, Lutoslawski, Panufnik, Gorecki, Kilar an Szpilman. Hien war Solist beim Jubiläumsconcert vum Orchester Sinfonia Warschau ënnert der Leedung vum Yehudi Menuhin, deen no dem gemeinsamen Optrëtt folgendes geschriwwen huet :

...I was tremendously impressed and moved by this wonderful pianist and wonderful musician, by his command of the keyboard, his deep insight into the music and his gifts of profound understanding and communication.
This marvellous pianist has fulfilled his human and musical potential and his memory is such that he has a very large repertoire at his command.

Bei der Erweiderung vun der europäescher Union gouf den Pawel Kowalski am Mäi 2004 vum franséischen Courrier International  als eng vun den véier interessantsten Perséinlechkeeten vu Polen gewielt.
An den leschten Joren huet den Pianist an der Nationalphilharmonie vu Warschau gespillt, am kinneklechen Conservatoire vu Bréissel, an der Tonhalle zu Zürich, an der Case de la Cultura zu Buenos Aires, mam Orquesta Sinfonica de Chile zu Santiago, war Jurysmember bei siwen internationalen Pianosconcouren. Wärend dem Chopin-Joer 2010 ass den Pawel Kowalski bei Pianosowenden zu Wien, Palma de Mallorca, Madrid, Saragossa, Valencia, Murcia, Cartagena, Avila, Kuwait an beim Fréijoersfestival zu Budapest opgetrueden an huet dem Chopin seng Wierker fir Piano an Orchester ënner anerem zu Warschau, Zürich, Bréissel an Bukarest gespillt. Zum 100ten Gebuertsdag vum Witold Lutoslaski 2013 huet den Pianist ëfters deem séin Pianoconcert an d’Variatiounen iwwert en Thema vum Paganini gespillt.
Den 17. Internationalen Chopinconcours zu Warschau huet den Pawel Kowalski fir TVP Kultura kommentéiert.
Op dem Spillplang vun der Concertssaison 2015/2016 stoungen Pianosconcerten vum Mozart mam Reinhard Goebel wéi och vum Addinsell, Chopin, Paderwski an Ravel. Zum Ofschloss vun der Concertsaison an der neier Philharmonie zu Stettin, spillt hien den 17.Juni 2016 als éischten Pianist op der Welt den Pianopart vum Prometheus vum Alexander Skrjabin auswenneg.
Am Summer 2016 trëtt den Pianist ënner anerem bei zwee vun den wichtegsten internationalen Chopin Festivaler vu Polen zu Duszniki Zdrój an  Antonin op.
Doheem spillt den Pawel Kowalski op engem Steinway A aus Hamburg vun 1938 mat der Seriennummer 295289.
Hien gouf ëfters gefrot fir bei der Wiel vun engem neien Fligel fir philharmonisch Gesellschaften an Concertshaiser matzewierken. Am August 2013 huet hien fir d’Philharmonie zu Wałbrzych en neien Steinway D Concertfligel erausgesicht.

www.pawelkowalski.art.pl
www.facebook.com/Pawel.Kowalski.Pianist

D’Organisateuren soen e groussen Merci senger Exzellenz dem Här Piotr Wojtczak, Ambassadeur vun der Republik Polen, an senger Fra der Madame Iwona Wojtczak, souwéi senger Exzellenz dem Här Adam Byglewski, Honorarkonsul vu Lëtzebuerg fir d’Regioun Podlaise an Lublin fir hir generéis Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dësem Concert.


An Zesummenaarbecht mat :