Ausstellung 10 Joer polneschen Kulturfestival an 10 Joer vun polska.lu asbl

Vernissage: Freideg, 25. Mai, 20:00 Auer

Ancien Cinéma, Vianden

D’Zäit déi flitt... A schonns ass e Joerzéngt fir polska.lu asbl eriwwer.  Am Rhythmus vun enger Editioun op déi aner sinn wärend 10 Joer  vum polneschen Kulturfestival zu Lëtzebuerg,vill aussergewéinlech kulturell Evenementer presentéiert ginn , wéi : Concerten vum Stanislaw Sojka, Grzegorz Turnau, Tomasz Stanko, d’Gruppen „Hey”, „Kult”, „T.Love”, „Nocna Zmiana Bluesa” an „Kapela ze Wsi Warszawa”, Ausstellungen, Atelieren, Couren an Reuniounen mat Perséinlechkeeten vun der polnescher Kultur. Also 10 Joer vun enger erfollegräicher Zesummenaarbecht tëscht den polneschen an lëtzebuergeschen Kënschtler wéi och der polnescher Communautéit an den lëtzebuergeschen Institutiounen an Awunn er vum Grand-Duché.
Och wann d’Zäit schnell vergeet, bleiwen dach wonnerbar Erënnerungen un Fotografien, Broschüren an Plakater. All des  schéin  Erënnerungen  zesummegedroen ginn presentéiert a  Form vun enger Ausstellung fir 10 Joer polska.lu asbl, 10 Joer polneschen Kulturfestival an zu gudder Leescht 10 Joer „Ancien Cinéma” – de wichtegsten an treisten Partner vun polska.lu asbl.  D’Ausstellung ass awer net op eng sentimental Dimensioun limitéiert, mä weist Affichen vun kënschtlereschem Wäert, deenen hiren Auteur (zum groussen Deel) – Hania Karczewska, eis  besonnesch no steet a mir stolz drop sinn hir Wierker hei auszestellen.
Des Ausstellung ass en Hommage  un all Persounen an Institutiounen déi d’Aktivitéiten vun polska.lu asbl ënnerstëtzt hunn, an ouni déi keen vun deenen  an den Plakater erwäänten Evenementer hätt kéinten statt fannen.
Felicitatiounen un Iech all an Wëllkomm op der Ausstellung!

D’Ausstellung ass ze gesinn bis 1. Juni

In Zusaamenarbeit mit: