Eng Affiche fir d’Onofhängegkeet

“Ancien Cinema asbl” schreift en internationalen Concours aus ënnert dem Titel “Eng Affiche fir d’Onofhängegkeet” fir en eegestännegen Entworf an Gestaltung vun enger Affiche zum 100ten Joresdag vun der polnescher Onofhängegkeet. Un dësem Concours duerf jiddereen deelhuelen deen 18 Joer al ass oder méi, professionell Kënschtler, Studenten an Graduéierter vun Konschthéichschoulen oder aner Schoulen aus dem Beräich Konscht.
 
Haaptzil vum Concours soll et sinn d’Thematik vun der polnescher Onofhängegkeet méi bekannt ze mann an d’Iddie vun der Onofhängegkeet an der Fräiheet an enger zäitgenëssescher Form Ausdrock ze ginn.

D’Gewënner ginn vun den Memberen vum Concourscomité ënnert folgenden Viraussetzungen ausgewielt:
 
a) Iwwereneestëmmen vun dem Message vum Wierk mat dem Thema vum Concours;
b) Originalitéit a Form an Inhalt;
c) Kënschtleresch Qualitéit (Zesummesetzung, Faarwen, Technik etc.)
 
Als Präisser un d’Gewënner ginn verdeelt

1.  Preis : 500 €
2.  Preis : 300 €
3.  Preis : 150 €

Zäitlechen Oflaaf:

15.03.2018 : Ufangsdatum fir d’Erareechen
30.06.2018 : Leschten Datum fir d’Erareechen
D’Wierker mussen an digitaler Form iwwermëttelt ginn op d’Mailadresse vun den Organisateuren : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
15.07.2018 : Ukënnegung vun den Resultater
04.08.2018 : Vernissage vun der Ausstellung mat den ausgezeechenten souwéi aneren ausgewielten Wierker. D’Ausstellung ass bis den 09.09.2018 ze gesinn.

Déi ausféierlech Concoursregelen kennen als PDF Datei op dem Internetsite vun den Organisateuren erofgelueden ginn : http://www.anciencinema.lu/events/poster-independence

 In Zusaamenarbeit mit: