L'Homme de marbre

Mëttwoch, 4. Juli, 20:00 Auer, Ancien Cinéma, Vianden
drame, 1977, PL, 165 min, PL, VO, ENG ST
réal. Andrzej Wajda
distr.: Krystyna Janda, Jerzy Radziwiłowicz, Tadeusz Łomnicki

D'Agnieszka, Absolventin vun enger  Filmschoul, iwwerzeegt de "wichtegen" Fernsehredaktor vun der Noutwennegkeet e  Film ze realiséieren iwwert den Mateusz Birkut, e Steemetzer  a "verdéngten Aarbechter", deem seng brillant Karriäre plëtzlech an onerwaart géint 1952 obhält. No den Verhandlungen  kritt d’Fra  de Film  an déi néideg Ausrëschtung. Si fänkt un  privat ze recherchéieren fir d'Ursaachen vum Erfolleg an dem Niddergang vum  Birkut erauszefannen a léiert esou säin dramatescht Liewen kennen. D’Agnieszka entdeckt an demaskéiert déi batter Wourecht iwwert d’ 50 er  Joren am stalinisteschen Polen.

En cooperation avec :