Vorwort

 

Säit 10 Joer liewen ech zu Lëtzebuerg an déi Zäit huet mir et erlaabt, déi vill Beréierungspunkten tëschent Polen a Lëtzebuerg ze entdecken. Déi Zäit huet mech och geléiert, fir fir den 3. polnesche Kulturfestival eng Zesummenaarbecht tëschent de polneschen a lëtzebuergesche Kënschtler méi selbstverständlech ze gesinn. De Motto vum Festival „Kultura meets Kultur“ bréngt zum Ausdrock, wat schonn zënter Jore geschitt – jo souguer säit Joerhonnerten! Et dréckt aus, wat am Ufank vum leschte Joerhonnert hei zu Lëtzebuerg geschitt ass, zu Liefzäite vun engem vun deene gréisste Komponiste vu Lëtzebuerg, dem Direkter vum Escher Conservatoire, dem Alfred Kowalsky. Deemools war déi polnesch Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg méi wéi 3 mol sou grouss wéi haut.

Haut liewe ronn 3000 polnesch Leit hei zu Lëtzebuerg. Hei hunn si hir 2. Heemecht fonnt; eng Heemecht déi op ass fir déi lokal Kultur a fir all Zorte vu Kontakt an d’Zesummenaarbecht mam Gaaschtland. Zu gläicher Zäit erkennt Lëtzebuerg de polnesche Kulturbeitrag an Europa an an der ganzer Welt un. Déi polnesch Musek an d’Konscht am Allgemenge sinn an de lëtzebuergesche Kulturariichtunge vertrueden. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass mir prett si fir en Treffen: „Kultura meets Kultur“, d’Publikum an d'Kënschtler, d’Polen an d’Lëtzebuerger.

Dofir presentéieren ech Iech am Kader vum 3. Festival vun der polnescher Kultur zu Lëtzebuerg d’Resultater vun sou enger Zesummenaarbecht: Concerte vu klassescher Musek (an der Philharmonie), Jazz a gesonge Poesie (an der Abtei Neimünster), Volleksmusek (am Tramsschapp) a Rock (am Melusina). Iwwerzeegt Iech am beschte selwer! Werft e Bléck an de Programm, kommt op déi eenzel Manifestatiounen, a virun allem: genéisst et! Fir d’Organisateuren ass dat dat héchsten Ziel!

Marcin Wierzbicki
Direkter vum polnesche Kulturfestival
zu Lëtzebuerg

Organisator

logo of Association polska.lu asbl

Patronnage

logo of Ambassade de Pologne au Grand-Duché de Luxembourg

An Zesummenaarbecht mat

logo of le Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (CCRN) logo of Ancien Cinéma logo of INECC logo of Printemps des Poetes logo of Nova Osada logo of Musica Scara
logo of IFL

Mat finanzieller Ënnerstëtzung

logo of Ministere de la Culture logo of Ministry of Foreign Affairs of the Republic of Poland

Medie-Partner

logo of Polskie Radio LU logo of 100,7 Radio logo of ARA Radio logo of Bomdia logo of CM logo of TVP Polonia

Sponsor

logo of Polsteam

Kontakt

polska.lu asbl
9 op Harent, L-9171 Michelau
Tél.: +352 621 51 91 92
festival@polska.lu

Facebook